makemylastwishcometrue @Concert

#makemylastwischcometrue #Kutscher #wünschwagen #Mannheim #Msconnexionhalle
Haut as et erem souweit, nodeem e puer Wënsch leider net hun können erfëllt gin ,well den Gaascht et kiirperlech net mei gepackt huet oder aaner traureg Ursaachen, hun eis Wonscherfëller Magalie an Jean-Marie haut d’Valise gepaak an fueren op Mannheim fir folgenen Wonsch:
Mir hun en 50 Jähregen Famillienpapp deem sein wonsch as et nach eemol mat senger Fra op ee Concert ze fueren vun hirer gemeinsamer Lieblingsband.
D’Wonschkutsch huet den Transport organiseiert, d’Iwernuechtung an engem Barrierefreien Hotel an d’Organisation sur Place mat enger klenger iwerraschung fir eis Gäscht.
Eis Kutscher an eis Gäscht sin vum Jochen Mayer emfangen gin , Eventmanager am Ms connexion Komplex. Do goung et direkt an d’Logen fir en Meet an Greet mat den Museker vun End of Green
Dono gouf den Cortège begleed firun d’Bühn wou eis Freiwëlleg dei ganzen Zeit bei der Koppel bleiwen an fir e gudd Encadrement suergen.
Dei ganzen Zeiten sin eis Kolleegen vum Wünschewagen Hessen am Standby.
Och dei ganz Betreier an der MS Connexion Halle sin immens leif an disponibel.
Muer no der Iwernuechtung an nom Brunch am Hotel geht et erem Heem.
Merci och un den Onkologue deen et meiglech gemach huet an deems Sie am fiiraus Medikamenter firgesin huet dei den Gaascht selwer kann anhuelen falls hie Schmerzen huet.#MAKEMYLASTWİSHCOMMETRUE