29 Abrëll: Internationalen Dag vum Wonsch

Haut um 29 Abrëll ass den internationalen Dag vum Wonsch.

D´Wonschkutsch huet sech et zum Zil gesat stierweskranke Leit eeleschte Wonsch ze erfëllen. Duerch d´COVID-19 Pandemie sinn och mir natierlech gebremst gin. Trotzdeem hu mir Aktivitéiten a kënnen och an dëser Zäit Wënsch erfëllen, selbstverständlech am Respekt vun de noutwendegen sanitären Moossnamen. Mir si gudder Hoffnung dass mir ganz geschwënn erëm kënne “normal” funktionéieren.