Wonschfahrt vum 30 Abrëll 2021

De Freideg (30.04.21) waren d´Angela an d´Lea, zwee vun eise Kutscher,  ënnerwee op eng Wonschfahrt. Si hunn hiert Erliefnis mat eis gedeelt:

 

„Eise Fuergaascht ass säit Wochen an enger Stater Klinik, wou si de Wonsch geäussert huet nach eemol heem ze goen. Dohin wou si laang Joren mat hirem Mann gewunnt huet, deen leider ze fréi gestuerwen ass…, dohin wou si hiert Meedchen grouss gezunn huet an dono hier Enkelduechter.

Mir hunn eise em 9 Auer getraff (mir sinn d’Angela an ech d´Leá, zwee Kutscher vun der Wonschkutsch, näischt wieder soen mee et war dem Angela seng éischt Wonschfahrt. Et huet dat gutt gemaach).  Mir maachen den Check vun eiser Wonschkutsch a kucken op mir alles hunn, Sécherheet geet vir. Natierlech maachen mir och nach en COVID-Schnelltest, allen zwee negativ, et ka lassgoen.

Ënnerwee huele mir nach beim Gäertner een wonnerschéint  Rousenarrangement of, wat d´Mme op hirem Mann säin Graf well bréngen.

An der Klinik setzt Mme well sehnsüchteg do op eis zwee ze waarden.

Mat gudder Laun,  an enger schuckeleger Decken agepaakt geet et op d´ Rees. D´Mme erzielt eis vill aus hirem Liewen an d´Angela a si entdecken, dass si zwee gemeinsam Bekannten hunn.

No kuerzer Zäit si mir dann um Kierfend ukomm. A mat eis och d’Sonn sou datt et net sou kal war fir de Rollstull do de Bierg erop ze drécken.

Nom Kierfend maache mir eis op de Wee fir Heem bei eise Fuergaascht.

Do ukomm,  steet hier Famill do op si ze waarden fir mat der Mme ee schéine Mëtteg ze verbréngen. Och puer Nopesche kommen nach schnell Moien soen an e bëssi schnabbelen, natierlech mat Ofstand.

Géint 17Auer seet d´Mme hinnen all Äddi. Da maachen eis op den Wee an d´Klinik awer Ënnerwee bleiwen mir nach stoen bei der beschter Frëndin an hier Schwëster, mat deene si säit der Kandheet eng enk Frëndschaft ënnerhält.

Di dräi verbréngen nach eng kuerz Zäitchen mateneen.

Géint 18 Auer freet d´Mme schwéieren Häerzens, awer frou an zefridden fir dëse schéinen Dag mat hire Léifsten verbruecht ze hunn, fir zréck an Klinik ze fueren.

Ënnerwee erzielt si dem Angela an dem Lea nach e puer Spiechten vun fréier. Sie betount och datt si haut sou gutt drop war, wéi laang net méi. Souguer de Cola huet hier erëm geschmaacht, genee sou wéi déi Gromperekichelcher (déi  eng Iwwerraschung vun enger Kutscherin waren)

Een wonnerschéinen, sonnegen Dag dee mat Emotiounen geluede war geet op en Enn.

Mir soen enger frouer, zefriddener a midder Mme Äddi, déi dësen Owend gutt schlofen wäert.

Mir soen eisem Fuergaascht Merci da si esou schéi Momenter mat eis gedeelt huet, an eis vill Vertrauen ginn huet. Och der Famill, Frëndinnen an Noperen soe mir Merci, dat si den Dag present waren an der Mme ee schéinen Dag geschenkt hunn.