Ee Mëtteg op der Musel

Fir eise Fuergaascht war haut ee besonneschen Dag. Säit Woche schonn hat d´Madamm de Wonsch ee Mëtteg Heem ze goen. Dëst war wéinst COVID-19 an der Hospitalisatioun awer leider net méiglech. Haut awer hunn eis Wonscherfëller Lea an Tania dëse Wonsch awer méiglech gemaach.

D´Madamm ass ofgeholl a gemittlech op d´Musel, hier Heemecht, bruecht ginn. Hei huet si am Familljekrees a mat gudde Frënn e puer gemittlech Stonne verbruecht. Mir soe Merci fir d´Vertrauen!

Ze bemierken bléift nach dass de Wonsch natierlech ënner den Schutzmossnamen vum COVID-19 duerchgefouert ginn ass.