Visite um Kierfecht

Haut de Moien hunn d´Kutscher Tatjana a Fränz sech op de Wee gemaach fir engem Fuergaascht ee Wonsch ze erfëllen. De Fuergaascht, deen de Moment op enger Palliativstatioun hospitaliséiert ass, hat de Wonsch eemol op d´Graf vu senger kierzlech verstuerwener Frëndin ze goen. Mir hunn hien an der Klinik ofgeholl, sinn ënnerwee Blumme kafe gaangen an hunn hien dono op der Kierfecht bruecht. Natierlech hunn eis Wonscherfëller him do di neideg Zäit ginn fir e puer roueg Minutten ze verbréngen.

Och dëse Wonsch ass ënner den neidegen COVID-19 Virsiichtsmossnamen erfëllt ginn.