Ee Wonsch op Pappendag

Pappendaag ass een Daag,deen mat der Famill sollt gefeiert gin.

Daat war och de Wonsch,vun engem ganz besonneschen Papp.
Säit enger Zäitchen ass desen Här am Haus Omega,,doheem,,. An do fängt dann och d’Wonscherfëllung un.
Em 11.00 sin äis Kutscher,Tanja W.(seng 1 Fahrt),Léa an Metth zu Hamm ukomm fir den Här ofzehuelen. Eng léiw Begréissung an Kenneléieren mam Här…a schon geet et lass.
Heem bei seng Fra, d’Kanner an d’Enkelkanner ass de ,,Motto,, vum Wonsch. Déi warden dann och voller Virfreed op hiere Besuch. Nodeems den Här gut installéiert ass an sengem doheem, hun sech äis Kutscher diskret zeréckgezunn fir d’Famill desen besonnegen Pappendaag feieren ze loossen.
Méi spéit am Nomëtten ass den Här rem zeréck op Hamm gefouert gin.
Op der Réckrees hot een frouen an dankbaren Papp,sengen Begleeder vun sengem scheinen Erliewnis mat der ganzer Famill erzielt.
Een gelongenen Daag geet zu Enn.
Mir wënschen eisem Fuergascht an senger Famill weiderhin vill Courage.
Een grousse MERCI och un ,,d’équipe de soins,, vum Haus Omega fir dei wonnerbar Zesummenarbecht.