#mteverestchallenge

INTERVIEW OP RTLFACEBOOK SÄIT

 

 

De Glen Leven, deen an der World-Tour als Mecanicien bei Trek-Segafredo schafft, huet säin Challenge gepackt. 33 Mol huet de Glen Leven de Buerschenter missen eropfueren, fir op 8848 Héichtemeter ze kommen an de Mount Everest Challenge ze packen. Wärend de laange Stonnen um Vëlo gouf hie vu ville Leit ënnerstëtzt, déi mat him zesummen de Buerschter eropgefuer sinn. Mat dobäi e. a Gebridder Schleck de Bob Jungels, d’Chantal Hoffmann oder och nach de Lëtzebuerger Ausseminister Jean Asselborn.

Haut den Owend huet de Glen am “Gruppeto” den Vertrieder vun der Wonschkutsch e sensationellen Scheck vun 7500 iwwerreecht. Wonschkutsch seet dem Glen Merci fir säin Engagement an seng formidabel Leeschtung an bedanken eis och häerzlech bei sengen Sponseren.

 


Samschdes de 14. September fiert de Lëtzebuerger Glen Leven de Mount Everest Challenge. Dobäi huet huet sech och dofir entscheed fir dësen Challenge zesummen an der Associatioun Wonschkutsch unzegoen fir déi hien och Spenden wäert sammelen.