makemylastwischcometrue

 

 

#MAKEMYLASTWİSHCOMETRUE #WONSCHKUTSCH #kutscher No sou enger schrecklecher Katastroph fir Deeler vum Süde vum Land wou och vill vun eise Kutscher als Member vum CGDIS den Affer hellefen, as et ëmmer erëm schwéier an den Alldag eriwwer ze goen. Dëse fänkt eis awer all erem an.

En Donneschden koum eis de Wonsch era vun engem 50 järegem Herr deen op enger Palliativstatioun an der Stad leit. Sain Wonsch wier et nach eemol mat senger Fra eng Vakanz ze maan. Kuerzfristeg hunn mir mam interdisziplinäre Staff an der Klink an dem Gaascht eng spontan Vakanz geplangt. Lass goung et fréi de mette Richtung Wolz mat eise Kutscher Léa Baulesch Nathalie Ries a Tatjana Herr. Sie sinn eisem Gaascht sengem Wonsch nokomm deen seng Mamm um Kierfend wollt besichen.

Um Réckwee as d’Wonschkutsch um Stauséi stoe bliwwen an de Gaascht an seng Fraa hun d’Atmosphere vum Stausee genoss an hunn e puer flott an emotional Momenter verbruecht.
Eise Gaascht gouf sécher erëm an d’Ophut vum Fleegepersonal a sengen Dokteren op der Palliativstatioun iwwermëttelt.