Single blog

Wandere fir e gudden Zweck

D’Jugendhaus Déifferdeng huet mat engem Grupp Jonker e Wanderprojet fir e gudden Zweck op d’Been gestallt. Et geet drëms, 100 km a 4 Deeg ze packen, also vu Wäisswampech erof op Déifferdeng. No engem reegelméissegen Training fir a Form ze komme vu Februar bis Mee, ass et elo esou wäit. D’Wanderwoch ass virgesi vum 22. bis de 25 Mee 2018.

Eng Facebooksäit 

De ganze Projet ka mat verfollegt ginn op der Facebooksäit „Wandere fir e gudden Zweck 2018”. Do gi während der Wanderwoch reegelméisseg Videoen, Fotoen an Neiegkeeten eropgelueden, wou se mam Projet stinn.

An der Tëschenzäit gëtt de Projet awer och de Weekend vum 5. a 6. Mee um Béierfest an den 19. Mee um Multikulti op der Maartplaz zu Déifferdeng virgestallt.

Ënnerstëtzt de Projet

Jidderee kann de Projet ënnerstëtzen, andeems en en Don op folgend Kontosnummer mécht mat der Mentioun: Wandere fir e gudden Zweck 2018: LU78 0019 6812 6251 9000.
Déi Suen, déi vun de Leit gespent ginn, ginn integral bei folgend Associatioune weidergeleet: Kannerwonsch ASBL, Wonschkutsch ASBL am Amiavy ASBL.

Arrivée

D’Arrivée ass virgesinn de 25. Mee an der Jugendfabrik – Rue Stade Henri Jungers zu Déifferdeng ëm 18.30 Auer.

Tags: